NewsRied vum Premier: "Näischt Neies, Schülervirtrag, Frechheet"

Dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun gouf vun der Oppositioun schaarf kritiséiert, d'Majoritéitsparteie schwätze vu kenger klassescher Ried.

Leschten Update: 14.10.2019, 17:41:22

© Screenshot chd.lu

"Wéi ass et méiglech, datt d'Halschent vun deene Frontalieren, déi moies an d'Land schaffe kommen, [datt] all 7. e Lëtzebuerger ass? D'Lëtzebuerger ginn zu Grenzgänger gemaach, wa mir sou weiderfueren."

Dat war eng Ausso vum ADR-Deputéierte Gast Gibéryen e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber. Domat reagéiert hien op d'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel.

Ausso vum Gast Gibéryen

De Logementsproblem wier en Dënschdeg esou gutt wéi guer net ugeschwat ginn, obwuel dëse Beräich e katastrophalen hei am Land wier. Et misst een ophalen, Lëtzebuerg besser ze verkafen, wéi et de Fall wier, esou den ADR-Deputéierten weider.

LINK / Kuckt hei de Livestream um Site vun der Chamber!

Éischt Reaktioun op d'Ried war eng schaarf Kritik vun der Oppositioun.
D‘Martine Hansen vun der CSV sot zum Beispill virun der Press, dass een an der Ried näischt Neies gewuer gi wier. A Saache Klimawandel wier just eng Diagnose gemaach ginn, ouni iwwer Mesuren oder Strategien ze schwätzen.

Dem Sven Clement vun der Piratepartei huet d’Visioun vum Land fir d’Zukunft gefeelt, et wier ee Schülervirtrag gewiescht, deen op Wikipedia ofgelies gouf. Dem Marc Baum vun déi Lénk no, hätt d’Ried vu 45 Minutten d’Limitt vun der Frechheet iwwerschratt. Beim Haaptthema Klimawandel hätt ee versicht Lëtzebuerg als Musterschüler duerzestellen, wat d’Land awer guer net wier.

D’Majoritéitsparteie stinn dogéint hannert dem Premier, och wann se soen dass et keng klassesch Ried war, esou z.B. den Alex Bodry vun der LSAP. D’Josée Lorsché vun déi Gréng huet et da begréisst, dass de Klimawandel eng grouss Roll an der Erklärung gespillt huet. Si schwätzt vun enger Richtung déi stëmme géing, an dës Richtung misst een elo mat Inhalter fëllen.

E Mëttwoch an en Donneschdeg hunn d’Deputéiert d’Méiglechkeet an der Chamber op dem Premier seng Ried weider ze reagéieren.

LINK / Hei fann dir weider Detailer zu der Ried!