NewsGeldproblemer bei der UNO

D'UNO ass an der schlechtster Finanzlag zënter bal 10 Joer.

Leschten Update: 09.10.2019, 07:40:53

© AFP/File/Don Emmert

Bei der UNO ginn et Geldproblemer. Dem UNO-Generalsekretär Guterres no, wieren d’Vereenten Natiounen an der schlëmmster Geldkris zënter Joren. Et géif kaum nach duergoe Mataarbechter ze bezuelen. 64 vun 193 Memberstaaten hätt hir Bäiträg vun dësem Joer nach net bezuelt. Och d’USA, mam gréisste Bäitreg net. Dem US-President Trump no, wieren déi héich Geldbeträg onfair. Hie fuerdert eng Reform.