NewsZeienopruff no Accident mat Blesséiertem zu Huldang

No engem Accident vum 7. Oktober an der Stawelerstrooss zu Huldang sicht d'Police elo no Zeien.

Leschten Update: 09.10.2019, 11:31:46

© Eldoradio

Wéinst engem Accident mat engem Blesséierten huet d'Police en Zeienopruff lancéiert. Kuerz no 7 Auer 30 e Méindeg war e Chauffer mat sengem Toyota Hilux mat belscher Plackennummer vun der Wämperhaart Richtung Huldang ënnerwee.

Op der Héicht vun der Tankstell huet hien ugesat ze iwwerhuelen. Gläichzäiteg wollt de Chauffer am Auto virun him awer lénks op d'Tankstell ofbéien. De Chauffer hannendrun huet probéiert auszewäichen a koum doropshi mat sengem Won un d'Schleideren an ass an e Bam gerannt.

De Chauffer, deen op d'Tankstell fuere wollt, grad wéi all aneren Zeien, soll sech bei der Police mellen. D'Telefonsnummer vun der Police vun Ëlwen ass den 24487-1000.