NewsBrëtell Richtung RP Gluck bis 3. November gespaart

D'Brëtell vum Pont Buchler op d'Penetrante Sud a Richtung Rondpoint Gluck ass bis den 3. November 5 Auer moies gespaart.

Leschten Update: 09.10.2019, 13:37:29

© Eldo Archiv

Am Kader vu Reamenagement vum Pont Buchler tëscht der Stater Gare a Bouneweg geet et an déi nächste Phas.

Wéi d'Stad matgedeelt huet, bleift d'Brëtell vun der Route de Thionville a Richtung Rondpoint Gluck vum 9. Oktober bis den 3. November 5 Auer gespaart.

D'Aarbechte kënnen zu Problemer am Trafic féieren, et sollt een dës Plaz beschtefalls evitéieren.