NewsMann menacéiert Leit an der Stad

E Mann hat de Mëttwoch de Mëtteg d'Leit vun engem Buttek an der Stad menacéiert. Hien hat e Messer an eng Matraque dobäi, konnt awer iwwerwältegt ginn.

Leschten Update: 09.10.2019, 16:03:37

© Eldoradio

Wéi d'Police mellt haten sech géint 13.00 Auer de Mëttwoch de Mëtteg d'Mataarbechter vun engem Buttek an der Philippsgaas an der Stad vun engem Mann menacéiert gefillt, dee gesot hat, hien hätt eng Waff bei sech.

Nodeems e puer Policepatrullen op der Plaz ware, konnt de Mann dunn iwwerwältegt ginn.

En Täschemesser an eng Matraque goufen him ofgeholl. Blesséiert gouf beim Tëschefall keen.