News55-järeg Automobilistin no Kollisioun op der N10 gestuerwen

No der Frontalkollisioun op der N10 ass eng 55 Joer al Automobilistin vu Bäerdref an der Nuecht op e Freideg am Spidol verscheet.

Leschten Update: 11.10.2019, 10:11:37

© Eldoradio

Nodeems den Donneschdeg de Mëtteg zwee Ween sech op der N10 tëscht Déiljen an der Wallenduerfer-Bréck frontal ze pake kritt hunn, ass eng bedeelegt Automobilistin un hiren uerge Blessure gestuerwen. Déi 55-järeg Fra vu Bäerdref ass an der Nuecht am Spidol verscheet.

Béid Autoen haten sech frontal ze pake kritt, wéi een Automobilist wollt iwwerhuelen. D'Streck ass dann och vun 12.00 Auer u bis viraussiichtlech 14.00 Auer de Freideg de Mëtteg fir Miessungen gespaart.