NewsLiteraturnobelpräis dëst Joer 2 mol verginn

De Literaturnobelpräis vun 2018 geet un d'Olga Tokarczuk aus Polen, dee vun dësem Joer un den Éisträicher Peter Handke

Leschten Update: 11.10.2019, 04:24:05

© BARBARA GINDL, Beata ZAWREL / APA / REPORTER / AFP

De Literaturnobelpräis fir d'Joren 2019 an 2018 geet un den Éisträicher Peter Handke an un d'Olga Tokarczuk aus Polen.

Wéi et vun der schwedescher Akademie zu Stockholm geheescht huet, wéilt een domat den Éisträicher fir säin „aflossräicht Wierk“ an d'Polin fir hir „erzieleresch Virstellungskraaft“ éieren.





Dëst Joer ware jo ausnamsweis d'Auszeechnunge fir zwee Jore verdeelt ginn. Dëst well d'Akademie d'lescht Joer wéinst engem Vergewaltegungsskandal keng Decisioun konnt huelen.

Hei d'Meenung vun eisem Literatur-Expert Jérôme Jaminet:

D'lescht Joer gouf et Zodi an der Jury vum Literaturnobelpräis. D'Memberen hate sech no engem Vergewaltegungsskandal am Ëmfeld vun der Schwedescher Akademie verbal zerfatzt, wouropshin déi héchsten Éierung an der Bicherwelt huet misse fir e Joer ausgesat ginn. Dofir awer däerfen des Kéier direkt zwee Auteure ganzer 830.000 Euro an eng Goldmedaile mam Gesiicht vum Alfred Nobel astiechen.

Deen een ass de 76-järegen Éisträicher Peter Handke. E sproochlech brillanten Erzieler a schonn eleng dofir en exzellente Choix. Déi aner ass d’Olga Tokarczuk, eng renomméiert polnesch Schrëftstellerin mat grenziwwerschreidender Virstellungskraaft, wéi et heescht.

Éiweg Favoritte wéi den Thomas Pynchon oder den Haruki Murakami sinn alt nees eng Kéier eidel ausgaangen. A bis eemol e Lëtzebuerger Auteur ausgezeechent gëtt, musse wuel nach ganz vill Bicher geschriwwe ginn. Leider.





Hei dem Jérôme Jaminet seng Meenung zum Buch "Versuch über den Stillen Ort"!