NewsTäter vun Halle hat 4 Kilo Sprengstoff am Auto

D'Attack zu Halle hat en terroristesche rietsextremen Hannergrond. Deemno wollt den Ugräifer an der Synagog e Massaker uriichten.

Leschten Update: 10.10.2019, 15:44:10

© Sebastian Willnow / dpa / AFP

D'Bundesjustizministesch Christine Lambrecht huet den Donneschdeg am Nomëtteg confirméiert, dass et sech bei der Attack zu Halle ëm e rietsextrem terroristeschen Uschlag vun engem Eenzeltäter gehandelt huet.

Den Täter hätt deemno aus antisemitesche Motiver gehandelt. Ziel wier et gewiescht, fir an der Synagog e Massaker unzeriichten.

Am Auto vum Mann hätt een iwwerdeems 4 Kilo Sprengstoff fonnt.

Grouss Online-Déngschter wéi Facebook, Microsoft, Twitter a Google wëllen da verhënneren dass sech de Live-Video vun Halle am Internet verbreet. Dat huet de Grupp Global Internet Forum To Counter Terrorism kuerz GIFCT an den USA erkläert. Fir dat de Video net ëmmer nees am Internet eropgeluede gëtt, gëtt déi sou genannten Hashing-Technik ugewannt. Si gouf nom Attentat vu Christchurch entwéckelt. Domat kënne Videoen fonnt an automatesch geläscht ginn.