NewsDe Kierchbierg soll méi lieweg fir de Public gemaach ginn

Ëffentlech Plaze verschéineren, d’Vëlospisten ausbauen, nei Quartieren a Wunnraum ubidden - de Kirchbierg soll sech veränneren.

Leschten Update: 14.10.2019, 17:40:47

© Eldoradio

De Kierchbierg soll oder vill méi muss sech veränneren. Deementspriechend huet den zoustännege Ministère zesumme mat alle Responsabelen en Donneschdeg virun der Press erkläert, wéi sech de Kierchbierg an noer Zukunft verännere kéint. Et wëll een dem Plateau d’Langweil huelen, well vill Leit just um Kierchbierg schaffen an net wierklech Loscht hunn, méi Zäit do ze verbréngen - am Virfeld huet ee Sondagë gemaach an dat ass dobäi erauskomm.

Lauschtert eran!

Neigestaltung vum Stroossennetz, heescht, d’Prioritéit gëtt op Foussgänger a Vëlosfuerer geluecht. Vill Plazen, wéi de Boulevard Kennedy solle komplett ëmgestallt ginn: Ausbau vu Vëlospisten, méi Grénges, oppe Commercen, séier Weeër fir bei de Bus an Tram a sécher Trottoire fir Foussgänger. Alternativen zum Auto ginn esou also gefërdert, esou de Minister Bausch an d’Architekte vum Kopenhagener Büro, déi den Optrag kruten, verschidde Pläng auszeschaffen.

"Kee soll méi frustréiert sinn, wann een den Auto net ka huelen", esou de Minister. Déi eidel Plazen, op deenen een de Gros vun der Zäit kee Mënsch gesäit, sollen an Zukunft mat Leit gefëllt ginn. D’Autoe sollen net komplett vum Kierchbierg verschwannen, mee disponibel Parkplaze kéinten éischter ronderëm ugesidelt ginn, also net am Zentrum vum Plateau. Et wëll een et de Leit erméiglechen, ganz einfach - zu Fouss - bei hiert jeeweilegt Transportmëttel ze kommen.

Esou gesäit d'Rue Erasme aktuell aus. © Gehl - Making Cities for People

Esou kéint d'Rue Erasme an Zukunft ausgesinn. © Gehl - Making Cities for People

Donieft war et d’Annonce, bezuelbare Wunnraum um Kierchbierg unzebidden. Dem François Bausch no sollen nei Quartieren entstoen, bei deene scho bei der Planung dës Visiounen afléissen. Wichteg ze soen ass, datt d’Architekte vum Büro Gehl verschidde Pläng a Fallbeispiller ausgeschafft hunn. Et bleift elo um Fong Kierchbierg an enker Zesummenaarbecht mam Ministère an der Stad dës Konzepter ëmzesetzen.

Deemno kéinten d’Avenue John F. Kennedy an d’Rue Erasme als éischt verschidde Changementer erliewen, esou d'Annonce vum François Bausch. Donieft ass a bleift den Tram zentraalt Element vun der Zukunft. An deem Sënn denkt een iwwert e Pôle d'échange zu Mënsbech no, fir den Tram mam Oste vum Land ze verbannen. Konkret ass dës Iwwerleeung nach net, ma esou e Konzept kéint sech de Minister awer virstellen.

Esou gesäit d'Avenue John F. Kennedy aktuell aus. © Gehl - Making Cities for People

Esou kéint d'Avenue John F. Kennedy an Zukunft ausgesinn. © Gehl - Making Cities for People

Dësen Donneschdeg den Owend ass am Tramsschapp um Lampertsbierg eng Presentatioun fir de Public, fir déi zukünfteg Visioun fir de Plateau Kierchbierg ze virzestellen, dat vun 19 Auer un.