NewsZu Veianen gouf ee Polizist ugegraff

Zu Veianen gouf ee Polizist mat Absicht begrapscht an dunn ugegraff.

Leschten Update: 14.10.2019, 08:53:51

© Eldoradio

Zu Veianen gouf e Sonndeg den Owend géint 18h30 ee Polizist an der Groussgaass vun engem Mann mat Absicht begrapscht. Wéi de Polizist dësen zur Ried wollt stellen, wollt de Mann sech weder ausweisen nach den Uweisunge vum Beamten nokommen. Beim zweeten Opruff huet de Mann ee vun de Beamte mam Hals geholl an op de Buedem geheit.

Et koum zu Handgräiflechkeeten, woubäi sech och aner Persounen agemëscht hunn an de Beamten attackéiert hunn. Nodeems d’Situatioun ënner Kontroll war, gouf den alkoholiséierten Ugräifer op de Policebüro matgeholl, wou hien d’Nuecht an enger Ausniichterungszell verbruecht huet.

D’Police huet dann e Sonndeg den Owend tëscht 20h00 an 23h45 tëscht Tandel a Gilsdref wéi och zu Dikrech Alkoholskontrolle gemaach. 618 Automobilisten goufe kontrolléiert. A 16 Fäll war den Test positiv. 3 Permise goufen nach op der Plaz agezunn.