NewsWirtschaftsnobelpräis fir 3 Aarmutsfuerscher

Mam Wirtschaftsnobelpräis ass de Méindeg och déi leschten Auszeechnung verdeelt ginn. Eng Fra an zwee Männer konnten sech freeën.

Leschten Update: 14.10.2019, 17:39:44

© Jonathan NACKSTRAND / AFP

De Wirtschaftsnobelpräis geet dëst Joer un déi 3 Ökonomen Abhijit Banerjee, Esther Duflo a Michael Kremer. Wéi et vun der Akademie zu Stockholm heescht, gi si domat fir hiren experimentellen Usaz fir d'Aarmut ronderëm d'Welt ze bekämpfe geéiert.

Domat sinn elo all d'Nobelpräisser verginn. De Wirtschaftsnobelpräis ass jo deen eenzegen, deen net op d'Testament vum Begrënner Alfred Nobel zeréckgeet.

Den 10. Dezember ginn dann d'Präisser, déi mat ronn 830'000 Euro dotéiert sinn, iwwerreecht.