NewsAbréch an Atelier, Chantieren a Bäckerei iwwer de Weekend

De Weekend iwwer gouf an eng Bäckerei an der Stad, an e Gemengenatelier zu Réiden, an eng Entreprise zu Diddeleng an op zwee Chantieren agebrach.

Leschten Update: 14.10.2019, 14:02:19

© Pixabay

Iwwer de Weekend gouf an der Stad an eng Bäckerei agebrach. Den Abriecher war hei duerch d'Entrée erakomm an huet Boergeld matgoe gelooss, ier en sech duerch d'Bascht gemaach huet.

Zu Réiden un der Attert hat dunn en Täter e puer Schief am Gemengenatelier opgebrach, wou hien eng Rëtsch Objete matgoe gelooss huet. Dat selwecht och a 4 Containeren an der Industriezon zu Iechternach.

Weider goufen eng Rëtsch Objeten op engem Chantier um Kierchbierg beschiedegt, hei haten déi Onbekannt den Drot duerchgeschnidden.

An da gouf nach zu Diddeleng um "EUROHUB" agebrach, hei gouf Geschir geklaut.