NewsElektro-Motorrad kritt Kand ze paken

Zu Déifferdeng hat e Sonndeg e Motorradsfuerer e Kand iwwersinn, dat iwwert d'Strooss gelaf ass. D'Affer gouf net schwéier blesséiert, esou d'Police.

Leschten Update: 14.10.2019, 16:37:50

© Eldo

Wéi d'Police matgedeelt huet, gouf e Sonndeg géint 15 Auer 15 an der Rue de Hussigny zu Déifferdeng e Kand vun engem Elektro-Motorrad ugestouss.

De Motorradsfuerer hat d'Kand iwwersinn, dat iwwert d'Strooss gelaf ass a krut et mam Steierrad ze paken. D'Kand koum fir eng medezinesch Behandlung an d'Kannerklinik.

Wéi d'Police schreift, gouf et net schwéier blesséiert.