NewsMann menacéiert Beamten an der Stad mam Dout

De Mann war illegal am Land, dofir gouf decidéiert hien am Centre de rétention ënnerzebréngen. Do virdrun hat hien d'Beamte mam Dout menacéiert.

Leschten Update: 15.10.2019, 12:09:10

© Pixabay

De Méindeg den Owend hat sech e Mann virun enger sozialer Ariichtung an der Stad an der Rue Dernier Sol nawell ferm opgereegt, well him den Zoutrëtt do refuséiert ginn ass. De Mann war net méi ze berouegen an dofir hu Sécherheetsbeamten de Mann missten um Buedem festhale bis d'Police op der Plaz war.

Während deem huet de Mann d'Beamte mam Dout menacéiert. Wéi sech sollt erausstellen huet hien sech illegal am Land opgehalen, dofir gouf en um Enn am Centre de rétention ënnerbruecht vu wou e soll expulséiert ginn.