NewsGemeng Hesper iwwerrascht iwwer Tunnel-Variant vu Minister

Zënter Jore fuerdert Hesper e Contournement, deen de Verkéiersproblem andämme soll. De Minister Bausch huet rezent eng aner Variant virgeschloen.

Leschten Update: 15.10.2019, 15:36:11

© Eldo

Wéi aus engem Communiqué en Dënschdeg ervir geet, weist sech d'Hesper Gemeng iwwerrascht iwwert déi proposéiert Tunnel-Variant vum Minister François Bausch. Et kéint een dës Ausso net novollzéien. De Bau an Entretien vun engem Tunnel kéinte souguer méi deier ginn, wéi den Alzenger Contournement, esou d'Gemeng.

D'Gemeng wier eegenen Aussoen no net gefrot a scho guer net iwwert dës Propos informéiert ginn. Grad well de Minister Bausch géintiwwer RTL sot, datt hie bei de Ponts et Chaussées scho viru Méint eng Pré-Etüd an Optrag ginn hätt.

Aus dem Schreiwes ass erauszeliesen, datt ee sech benodeelegt fillt an zënter laangem op eng Decisioun waart. Hannergrond ass d'Fuerderung vun der Gemeng, e Contournement ze bauen, fir de Verkéiersproblem an d'Loftverschmotzung zu Hesper an Alzeng an de Grëff ze kréien.

PDF / Hei de Communiqué vun der Hesper Gemeng!