NewsWaasserrouerbroch an der Rue de Reckenthal

Wéinst Aarbechten um Kanal an der Rue de Reckenthal kann zu engem Réckfloss vum Waasser kommen. D'Gemeng Stroossen ass am gaangen, de Problem ze behiewen.

Leschten Update: 16.10.2019, 10:27:53

© Eldoradio Archiv

Wéi d'Gemeng Stroossen en Dënschdeg matgedeelt huet, bleift d'Rue de Reckenthal wéinst engem Waasserrouerbroch nach déi ganz Woch gespaart.

Duerch Aarbechten un der Kanalisatioun ass an der Rue Schafsstrachen wéi och an der Rue Kaltacht mat engem Réckfloss vum Waasser ze rechnen. Falls bei Awunner de Keller ënner Waasser steet, soll een net den 112 uruffen.

D'Gemeng ass am gaangen, déi néideg Moossnamen ze huelen, fir dat Ganzt sou séier wéi méiglech ze reegelen.