NewsMinibus mat 7 Kanner kritt Fiels ze paken

E Minibus ass en Dënschdeg un d'Rutsche komm a krut de Virsprong vun enger Fielswand ze paken. 2 Kanner an de Chauffer goufe blesséiert.

Leschten Update: 16.10.2019, 08:39:55

© Police

E Minibus, dee mat 7 Kanner ënnerwee war, ass géint 15 Auer 30 en Dënschdeg vu Schous a Richtung Fëschbech an enger Lénkskéier un d'Rutsche komm. D'Gefier krut op der rietser Säit e Fielsvirsprong ze paken.

Wéi d'Police matgedeelt huet, sinn éischten Informatiounen no zwee Kanner mat liichte Blessuren an d'Spidol komm. Och de Chauffer ass fir eng medezinesch Behandlung an d'Klinik bruecht ginn.

Wärend de Rettungs- an Opraumaarbechten huet d'Streck fir kuerz Zäit misste gespaart ginn. D''Accident gouf protokolléiert.

© Police