NewsHolland: Mënschegrupp lieft 9 Joer laang isoléiert a Keller

Nach ass villes onkloer mä gewosst ass, dass an Holland e Grupp vu Mënsche jorelaang an engem Keller vun engem Bauerenhaff komplett isoléiert gelieft huet.

Leschten Update: 16.10.2019, 11:24:20

© Eldoradio

Am hollänneschen Drenthe soll ee Mann a 6 Jonker, déi tëscht 18 a 25 Joer al solle sinn, wuel 9 Joer laang komplett isoléiert op engem ofgeleeëne Bauerenhaff am Keller gelieft. De Mann soll hollännesche Medien no zënter engem Häerzinfarkt am Bett geleeën hunn. Et kéint sech bei him ëm de Papp vun de Jonken handelen.

58 Joer ale Mann festgeholl

Déi hollännesch Police huet da mëttlerweil de Piechter vum Bauerenhaff festgeholl, een 58 Joer ale Mann aus Éisträich. Dat huet den éisträicheschen Ausseministère och well confirméiert. D’Nopere beschreiwen de Mann als ofweisend. Hie wier reegelméisseg mat sengem Auto an engem Unhänger op den Haff gefuer an nees fortgefuer. Wat konkret dem Mann seng Roll an dësem Fall ass, ass nach onkloer.  

25 Järege freet a Café no Hëllef

Opgeflunn ass dat Ganzt, wéi ee vun de Jonken, ee 25 Joer ale Mann e Méindeg an dat nächst Duerf getrëppelt ass, an do an ee Café gaangen ass. Hien huet dem Wiert vum Café wuel gesot, dass hie fortgelaf ass an Hëllef bréicht. Hien hätt de Bauerenhaff zënter 9 Joer net verlooss. Doropshi gouf d’Police geruff.

De Mann soll dem Wiert wuel och erzielt hunn, dass sech d’Famill am Keller virum Weltënnergank verstoppt hätt. Déi hollännesch Autoritéiten hunn dëst awer nach net confirméiert. Den hollänneschen Zeitungen no hätten déi Jonk näischt vun anere Mënsche gewosst. De Grupp soll sech wuel aus dem eegene Geméisgaart a vun der Mëllech vun enger Geess erniert hunn.

Iwwert déi genee Liewensëmstänn an iwwert de Gesondheetszoustand vum Grupp wollt d’Police nach näischt soen. D’Ermëttlunge sinn nach am Gaang. All Zeenario wier aktuell méiglech.

Lauschtert hei de Reportage: