NewsMann zu Rëmeleng schéisst sech selwer an d'Broscht

Eng Fra hat hiren Ex-Partner zu Rëmeleng net wollten an d'Wunneng loossen. Deen huet dorops hin d'Waff géint sech selwer geriicht.

Leschten Update: 16.10.2019, 18:43:46

© Pixabay

Den Dënschdeg den Owend wollt den Ex-Partner vun enger Awunnerin vu Rëmeleng an där hiert Haus eran, dat gouf him awer vun der Fra refuséiert. Dowéinst koum et zur Diskussioun während där de Mann Selbstmordgedanke geäussert huet.

Kuerz drop huet hien op eemol eng Pistoul ervir geholl an sech selwer an d'Broscht geschoss. De Blesséierte gouf nach op der Plaz versuergt an dunn an d'Clinique bruecht, wou en operéiert ginn ass. Hie schwieft net a Liewensgefor an och d'Fra gouf net blesséiert.

Op Uerder vum Parquet gouf d'Waff confisquéiert.

Fir de Fall, dass dir selwer oder een deen dir kennt, Suicidegedanken hutt, fannt dir Hëllef bei Prévention Suicide, bei SOS Détresse (45 45 45) oder beim Kanner- a Jugendtelefon (116 111).