News7 nei CARLOH-Carsharing-Statioune fir d'Stad

7 nei Statioune mat 14 Autoe kommen dëst Joer zu den elo schonn 9 Statiounen dobäi, déi éischt dovu gouf elo zu Hollerech op der Nanzeger Plaz ageweit.

Leschten Update: 16.10.2019, 17:46:50

© Eldoradio

Den Auto gëtt virun allem am Stadzentrum zu engem ëmmer méi grousse Problem. Ma net ëmmer kënnt een ouni aus, och wann sech vill Leit wuel denken: Firwat hunn ech iwwerhaapt nach en Auto? Ee Léisungsusaz ass hei de Carsharing, bei deem een sech en Auto fir kuerz Zäit loune kann. De Clou dobäi ass, dass een sech iwwer Reparaturen, Versécherung, Parkplaz, Botzen a Revisioun keng Suerge muss maachen. An dofir gëtt elo d'Offer an der Stad däitlech ausgebaut.

26 Statioune mat 52 Autoe bis Enn 2020

17 Gefierer op 9 Statioune ginn et schonn, elo sollen nei Statiounen dobäi kommen, dorënner um Zens, am Rollengergronn, zu Hollerech an Zéisseng an um Kierchbierg. 7 Statioune mat 14 Autoe sollen esou an noer Zukunft nach opgoen.

Enn 2020 gëtt den Ausbau ofgeschloss mat 26 Statiounen um Territoire vun der Stad mat am Ganzen 52 Autoen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Vun Diesel op Bensinner

D'Autoe wäerten dann och lues a lues vun Diesel op Bensinner ëmgestalt ginn, dobäi komme bis ewell 3 Elektroautoen an och 2 Autoe mat Automatik wäerten de bis elo 680 Clienten zur Dispositioun stoen. Déi hunn iwwregens bis ewell zesummen zanter 2015 ronn 20.600 Trajete gemaach an dobäi sinn 900.000 Kilometer zesumme komm.

LINK / Hei fannt dir d'Statiounen an d'Präisser!

Ausbau vun der Offer soll och Clienten unzéien

De Stater Schäffe Patrick Goldschmidt sot bei der Aweiung vun der neier Statioun, dass een sech zwar vum System e bësse méi Succès erwaart hätt. Ma dee kéint jo nach kommen, wann de System bis an all Stater Quartier disponibel wier.

Et wëllt een awer op kee Fall probéieren de Privatauto aus der Stad erauszekréien huet de Patrick Goldschmidt nach betount. Ma de Carsharing wier interessant, fir villäicht kënnen op en 2. Auto ze verzichten, wann een e just brauch fir z.B. akafen ze goen. An esou kann ee jo effektiv och relativ vill Sue fir den Ënnerhalt vum Auto spueren.

© Eldoradio
Links