NewsErmëttler stoppe Kannerporno-Säit am Darknet

Ermëttler aus verschidde Länner hunn eegenen Aussoen no, eng vun de weltwäit gréisste Websäite fir Kannerpornographie am Darknet gestoppt.

Leschten Update: 17.10.2019, 05:35:06

© AFP/Archives/Kirill KUDRYAVTSEV

Internationalen Ermëttler ass et gelongen eng vun de gréisste Kannerpornographie-Plattformen am Darknet ze stoppen.

Weltwäit wieren iwwer 300 Notzer vun der Plattform „Welcome to Video“ festgeholl, an deelweis schonn ugeklot ginn. 23 Kanner konnten aus Mëssbrauchssituatioune gerett ginn. D’Internetsäit ass well am Mäerz 2018 ofgeschalt ginn. D’Ermëttler hunn dëst awer lo réischt public gemaach, fir méi Zäit bei de Festnamen ze hunn. D’Plattform hat ronn 1 Millioun Notzer. De Besëtzer vum Site soll ee Südkoreaner sinn, dee well a sengem Land veruerteelt gouf.