NewsAus Protest: Australesch Zeitunge schwäerzen Titelsäiten

D'Aktioun steet ënnert dem Motto "Your Right to Know", also fräi iwwersat "Äert Recht, ze wëssen".

Leschten Update: 21.10.2019, 07:39:35

© AFP

Australesch Zeitungen hunn sech fir eng méi ongewéinlech Aktioun zesummegedoen a protestéieren domat géint déi ëmmer méi ageschränkte Pressefräiheet.

Op groussen australeschen Dageszeitungen sinn um Méindeg d'Titelsäite geschwäerzt. Op den Zeitungë wéi "Sydney Morning Herald" oder "The Australian" verdecke schwaarz Balken, Text a Fotoen.

D'Zeitunge protestéiere géint eng Rei vu Gesetzes-Verschäerfungen, déi d’Aarbecht vun de Journaliste méi schwéier mécht.

Si fuerderen ënner anerem méi Rechter fir sougenannte Whistle-Blower, déi Journaliste mat Informatioune versuergen.

19 Zeitungen a Journalisteverbänn maache bei der Aktioun mat.