NewsOnerlaabt Iwwerwaachung op der Fouer?

RTL an 100,7 no gëtt géint Security Schmitt ermëttelt. Hannergrond wieren onerlaabt Iwwerwaachungs- a Gardiennage-Aktivitéiten op der Fouer.

Leschten Update: 21.10.2019, 22:37:40

© Eldoradio

Wéi d'Kollege vun RTL an 100,7 e Méindeg mellen, soll de Parquet géint d'Sécherheetsfirma Security-Service-Schmit ermëttelen. Deemno goufen et Perquisitioune bei der betraffener Entreprise, grad esou wéi bei der Stater Gemeng. 

Hannergrond sinn net autoriséiert Iwwerwaachungs- a Gardiennage-Aktivitéiten op der Schueberfouer. D'Firma hätt deemno virun e puer Joer vun der Stater Gemeng den Optrag kritt, Leit a verschiddene Buden ze iwwerwaachen.

Déi néideg Autorisatioun vum Justizministère hätt een awer net gehat, esou RTL an 100,7 weider.