NewsAbriecher-Band huet Fussballer vu Real an Atlético beklaut

Eng Abriecherband ass zanter Méint ëmmer da bei Starfussballer agebrach, wann déi mat hirer Ekipp ënnerwee waren. Elo goufen der 5 festgeholl.

Leschten Update: 21.10.2019, 16:01:32

© Guardia Civil

Während de leschte Méint ass ëmmer erëm an d'Haiser vu Profifussballer vun de Spuenesche Veräiner Atletico a Real Madrid agebrach ginn, während déi ënnerwee ware, fir hir Matcher ze spillen.

Wéi et elo vun Europol heescht konnten elo 5 Männer festgeholl ginn, déi an dës Abréch verwéckelt solle sinn. Esou sollen déi 4 Männer aus Albanien an ee Spuenier d'Aktivitéite vun de Fussballer via Social-Media-Accounts suivéiert an zougeschloen hunn, wann déi fort waren. E puermol waren Europol no nach d'Familljemember doheem, während si agebrach sinn.



Déi spuenesch Police huet bei de Verdächtege Bijouen, Luxusautoen an dausende vun Euro u Boergeld séchergestallt.