NewsMéiglech Brandstëftung a Kleederbuttek zu Dummeldeng

No engem Brand zu Dummeldeng de Méindeg de Muere sollt sech erausstellen, dass virdrun do agebrach gi war. D'Feier kéint domat express geluecht gi sinn.

Leschten Update: 21.10.2019, 16:36:27

© Eldoradio

De Méindeg de Muere war enger Nopesch opgefall, dass sech an engem Gebai zu Dummeldeng Damp entwéckelt huet. D'Gebai an deem e Kleederbuttek iwwer 2 Stäck geet, ass op béide Säiten ugebaut. D'Pompjeeë konnten de Brand séier läschen, eng Gefor fir déi Gebaier niewendru gouf et dowéinst net.

Während den Ermëttlungen huet sech awer erausgestallt, dass an d'Gebai agebrach gi war an dofir konnt och net ausgeschloss ginn, dass de Brand express geluecht ginn ass.

An deem Sënn ermëttelt d'Police.