NewsFra direkt 2 mol zu Béiweng bei Abroch erwëscht ginn

Eng Fra war zu Béiweng an en onbewunnten Haus agebrach an do gepëtzt ginn. Nëmmen e puer Stonnen drop huet si et nach eng Kéier probéiert.

Leschten Update: 21.10.2019, 17:36:38

© Pixabay

No engem Abroch de leschte Mëttwoch an en onbewunnten Haus an der Rue Leon Maroldt zu Béiweng konnten d'Beamte vun der Police do eng Fra pëtzen, déi sech ënnert engem Bett verstoppt hat. Si konnt sech net ausweisen, dofir gouf hir Identitéit gepréift an eng Plainte gouf gemaach, ier d'Fra lafe gelooss ginn ass.

Ma nëmme 5 Stonne méi spéit war si erëm am Gaangen duerch eng Fënster an dat selwecht Haus ze klammen. Op en neits gouf de Parquet informéiert.

Dës kéier gouf d'Fra festgeholl an op Schraasseg bruecht.

5 weider Abréch iwwer de Weekend:

5 weider Abréch goufen der Police dann nach iwwer de Weekend gemellt, dat eemol an engem Appartementshaus, dat nach net fäerdeg ass an der Lonkecher Strooss an der Stad. Hei haten d'Abriecher eng Dier opgeschnidden a Baumaterial a Maschinne geklaut.

Da gouf an e Baucontainer an der Rue Johny Flick an der Stad agebrach, och hei goufe Maschinne geklaut.

An der Industriezon zu Angelduerf waren Abriecher duerch d'Fënster an d'Büroe vun enger Entreprise erageklommen. Ob hei eppes geklaut gouf ass nach net kloer.

An an der Rue de la Libération zu Beetebuerg an zu Rodange an der Croix St. Pierre gouf all kéier an en Eefamilljenhaus agebrach.