NewsBercow stoppt Ofstëmmung iwwer Brexit-Accord

D'Regierung wollt de Méindeg direkt nach emol iwwer de Brexit-Deal ofstëmme loossen. De Parlamentspresident huet do awer net matgespillt.

Leschten Update: 21.10.2019, 18:24:19

© HO / AFP / PRU

De britesche Parlamentspresident John Bercow huet eng weider Ofstëmmung iwwer de Brexit-Accord am britesche Parlament de Méindeg gestoppt. D'Regierung vum Premier Boris Johnson wollt jo de Méindeg nach emol doriwwer ofstëmme loossen. Ma dat ass dem Parlamentspresident no net zoulässeg, well dat eng Widderhuelung wier.

U sech sollt d'Parlament jo schonn de Samschdeg iwwer den Accord mat der EU ofstëmmen, ma d'Deputéiert hunn awer dofir gestëmmt, d'Decisioun no hannen ze verréckelen. Dofir huet den Johnson missten zu Bréissel ëm eng Verlängerung vum Brexit-Delai bis iwwer den 31. Oktober eraus bieden.