NewsGault&Millau kréint Kach vum Joer

De Cyril Molard vum Restaurant „Ma Langue Sourit“ zu Mutfert gouf vum Restaurantguide zum Kach vum Joer 2020 gewielt.

Leschten Update: 21.10.2019, 19:00:03

© Pixabay

D'Auszeechnung vum Restaurantguide Gault&Millau fir de Kach vum Joer 2020 zu Lëtzebuerg geet un de Cyril Molard, Chef vum Restaurant „Ma Langue Sourit“ zu Mutfert. Weider Auszeechnunge sinn ënner anerem un d'Bar „Lady Jane“ als Bar vum Joer, un de Pierre Zehner (La Distillerie et Côté Cour) als Patissier vum Joer oder nach un den Thomas an d'Emeline Murer (An der Villa) als Nouveautéit vum Joer gaangen.

Donieft wäert et och eng extra Guide iwwer Lëtzebuerg mam Numm „A Taste of Luxembourg“ ginn an deem déi beschte Baren, Brasserien, Chocolaterien an natierlech och Restaurante stinn.

Den 22. Oktober geet de Guide an de Verkaf.

Links