News6 Führerschäiner wéinst Alkohol agezunn

6 Chauffere kruten de Führerschäin ofgeholl well si ze vill gedronk haten. Zu Dikrech an an der Stad koum et zu Accidenter.

Leschten Update: 04.11.2019, 14:14:10

© Eldoradio

Géint 18h00 en Donneschden Owend waren zu Dikrech 3 Autoen anenee gerannt. Eng Fra gouf hei blesséiert a koum an d'Spidol. Bei engem vun de Chaufferen huet den Alkoholtest en Taux ugewisen dee bal 3 mol esou héich war ewéi den erlaabte Maximum. Säin Permis gouf doropshin agezunn.

Géint 18h15 huet eng Patrull vun der Police gesinn ewéi e Mann zu Ëlwen an der Aasselburer Strooss dobäi war e futtisse Pneu u sengem Auto ze wiesselen. Ewéi d'Beamten sech d'Situatioun méi genau ugekuckt hunn, hunn si festgestallt, dass de Mann wuel enzwousch agerannt war, a säi Pneu dowéinst futti war. Doropshin hunn si beim Mann en Alkoholtest gemaach. Dëse war positiv an de Mann krut de Führerschäin ofgeholl.

Géint 03h00 e Freide Moien hat eng Fra an der rue du Kirchberg an der Stad d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer. Si ass als éischt an eng Mauer an duerno an e Gitter gerannt, éiert si um Trottoir stoe bliwwen ass an 3 Autoen déi do geparkt ware beschiedegt huet. Och si hat ze vill gedronk krut de Führerschäin ofgeholl. 

Géint 03h20 ass enger Patrull zu Zolwer en Auto entgéint komm, deen op d'Géigespur geroden a bal mat engem vun de Policeautoe kollidéiert ass. D'Beamte wollten dem Auto doropshin nofueren, konnten en awer net direkt erëmfannen. Ma wéi si bei d'Adress gefuer sinn op déi den Auto ugemellt war, hunn si gesinn ewéi de Chauffer vum Auto dëse grad geparkt huet. Well hie staark Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen huet, gouf en Test gemaach. Dëse war positiv an de Permis vum Mann war doropshi fort.

Kuerz viru 05h00 krut d'Police gemellt, dass op der Streck vum Schlammestee op Weiler-zum-Tuerm en Auto am Gruef läit. De Chauffer war net blesséiert, hat awer ze vill gedronk. Och hie war säi Führerschäi lass.

Um 06h15 gouf dunn an der rue de Neudorf en Auto ugehalen, well de Chauffer géint sech net un de Code de la Route gehalen huet. Den Otem vum Fuerer huet staark no Alkohol geroch. D'Resultat vum Alkoholtest war positiv an de Permis war fort.