NewsPolice: Zeienopruff no Accident mat Fahrerflucht 

Tëscht Draufelt a Näidsen gouf eng Fra, déi mat hirem Auto ënnerwee war, vun engem onbekannten Auto, deen hir entgéint koum, gesträift.

Leschten Update: 01.11.2019, 17:57:05

© Eldoradio

Géint 10h00 en Donneschden Owend war eng Fra an hirem roude Volvo um CR343 vun Draufelt a Richtung Näidsen ënnerwee. Kuerz virun der Kräizung fir op Boukels ass hir en donkelen Auto vun enger onbekannter Mark entgéintkomm. Dësen huet hiren Auto gesträift an dobäi de Baussespigel vun hirem Auto erofgerappt an d'Fënster op der Chaufferssäit zerstéiert. Den onbekannten Auto ass doropshin a Richtung Draufelt weidergefuer. Wien eppes gesinn huet oder Informatiounen iwwert den donkelen Auto huet, soll sech bei der Police vun Dikrech mellen. D'Telefonsnummer ass den 244 80 1000.