NewsEU-wäit meeschten Autoen zu Lëtzebuerg geklaut

Wéi nei Eurostat-Zuele weise goufen tëscht 2015-2017 pro 100.000 Awunner 328 Gefierer am Grand-Duché geklaut.

Leschten Update: 04.11.2019, 21:28:15

© Eurostat

Tëscht 2015 an 2017 si pro Joer am Duerchschnëtt 697.000 Autoen an der EU geklaut ginn. Déi meeschten Déifställ goufen zu Lëtzebuerg gezielt.

Wéi d'Eurostat-Zuele vun e Méindeg weise goufe pro 100.000 Awunner an där Zäitperiod am Grand-Duché 328 Gefierer geklaut. Dohannert komme Griicheland mat 269 an Italien mat 257 geklauten Autoen.

Par Rapport zu 2008-2010 ass d'Zuel vun den Déifställ EU-wäit awer ëm 29% erofgaangen.