News12 Fläsche roude Wäin an de Weltall geschoss

Am Optrag vu "Space Cargo Unlimited", eng Entreprise mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg, gouf franséische Wäin op d'ISS geschéckt.

Leschten Update: 06.11.2019, 06:38:58

© NASA/AFP/File/Nick HAGUE

D’NASA huet 12 Fläsche roude Wäin aus Frankräich an de Weltall geschoss. De Wäin gouf am Optrag vu Space Cargo Unlimited, eng europäesch Entreprise mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg, op d’ISS geschéckt an ass e Méindeg sécher do ukomm.

De Wäin ass awer net fir d'Astronaute selwer. 1 Joer laang soll de Wäin op der Raumstatioun bleiwen. Et wëll een deemno erausfannen, wat dat fir Auswierkungen op de Wäin huet, respektiv wëll ee sou och nei Goût'en entwéckelen.