News40 Joer ale Vermësste gouf zu Esch fonnt

De 40 Joer ale Mann war fir d'lescht am CHEM zu Nidderkuer gesi ginn. Hie gouf zanter den Dënschdeg ëm 16.00 Auer vermësst.

Leschten Update: 06.11.2019, 11:56:30

© Eldoradio

De 40 Joer ale Mann, deen zanter den Dënschdeg am Nomëtteg vermësst gouf, ass elo fonnt ginn. Hie war den Dënschdeg fir d'lescht am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Nidderkuer gesi ginn.

Eng Ambulanz war op hien zu Esch opmierksam ginn. Nodeems seng Identitéit iwwerpréift ginn ass, gouf de Mann mat der Ambulanz zeréck an d'Spidol op Nidderkuer bruecht.