NewsDe Lëtzebuerger Entreprisë feelen 9'400 Handwierker

Aus enger Enquête vun der Chambre des Métiers geet ervir, dass dem Handwierk zu Lëtzebuerg eng 9'400 Salariée feelen. Och den Elterecongé ass e Problem.

Leschten Update: 07.11.2019, 08:18:02

© Pixabay

Dem Handwierk zu Lëtzebuerg feele geschaten 9'400 Salariéen, dëst mellt d'Chambre des Métiers de Mëttwoch. Dëst geet aus enger Enquête ervir, déi sech mat dëser Haaptsuerg vum Handwierk ausernee setzt. Esou hunn d'Entreprisen, déi dorun deelgeholl hunn uginn, dass an den nächsten 12 Méint eng 3'142 Leit gesicht ginn. Fir 75% vun de befroten Entreprisë missten nei Aarbechtskräfte virrangeg aus deen Nopeschlänner rekrutéiert ginn.

Weider war och d'Auswierkung vum Elterecongé op d'Handwierksentreprisen en Thema. 6 vun 10 Patrone gesinn sech dowéinst organisatoresche Problemer géintiwwer.

Links