NewsLufthansa sträicht 1'300 Flich wéinst Streik

Den Donneschdeg an de Freideg streiken d'Fluchbegleeder bei der Lufthansa. Dofir sinn 1'300 Flich ofgesot an 180'000 Passagéier betraff.

Leschten Update: 06.11.2019, 14:22:42

© Daniel ROLAND / AFP

D'Aarbechtsgeriicht zu Frankfurt huet de Streik vun de Fluchbegleeder vun der Lufthansa, dee vun den Donneschdeg u geplangt ass, als legal agestuuft. Dëst huet d'Fluchgesellschaft matgedeelt. Et géif een d'Entscheedung bedaueren a weider juristesch Mëttel préiwen.

Den Dënschdeg hat d'Gewerkschaft UFO ugekënnegt, dass een de Streik op all Lufthansa-Flich, déi aus oder a Richtung Däitschland starten, applizéiert. 

An deem Sënn huet d'Lufthansa och schonn 1’300 Flich ofgesot. Eng 180’000 Passagéier mussen sech no Alternativen ëmkucken.