NewsE gesécherte Wee tëscht P&R-Sud a Ban de Gaasperech

Bis ewell hunn d'Foussgänger vum P&R bis op de Ban de Gaasperech iwwer d'Strooss misste goen. Elo gouf de Wee vun der Strooss ofgetrennt.

Leschten Update: 06.11.2019, 15:10:52

© Pixabay

Wéi et vun der Stad heescht hunn déi zoustänneg Servicer de Wee fir Foussgänger tëscht dem P&R Lëtzebuerg-Sud bei der Douane an dem Akafszenter um Ban de Gaasperech ofgeséchert.

Deemno kënnen d'Foussgänger sech elo op engem Wee beweegen, dee vun der Strooss ofgetrennt ass.

Wéi et heescht ass dëst eng Iwwergangsléisung bis en definitive Wee vun de Ponts et Chaussées gebaut ass.

Hei de Communiqué vun der Stad:

La Ville de Luxembourg tient à informer le public que le Service Circulation de la Ville, en collaboration avec l’Administration des ponts et chaussées et le ministère de la Mobilité et des Travaux publics, a sécurisé le cheminement piétonnier entre le P+R Luxembourg-Sud et le centre commercial au Ban de Gasperich.

Désormais, les piétons peuvent circuler sur un cheminement sécurisé à cet endroit jusqu’à la mise en œuvre de la solution définitive par l’Administration des ponts et chaussées.