NewsChaos op Amsterdamer Fluchhafe wéinst engem Feelalarm

Ee Pilot hat onglécklecherweis de Code fir eng Entféierungswarnung agetippt an domadder ee Groussalarm ausgeléist.

Leschten Update: 07.11.2019, 08:17:16

© Eldoradio

Ee Feelalarm um Fluchhafen Schiphol zu Amsterdam hat e Mëttwoch den Owend Chaos ausgeléist. De Pilot vun engem spuenesche Fliger hat ierttëmlecherweis de Code fir eng Entféierungswarnung agetippt an domat ee Groussalarm ausgeléist. D’Police huet d’Hal vun den Departen evakuéiert an d’Gates ronderëm déi concernéiert Maschinn zougemaach. Dosende Flich konnte eréischt mat Verspéidung starten. Wéi et zu der Pann konnt kommen, ass onkloer.