News7 Abréch de Mëttwoch an den Donneschdeg

7 mol gouf de Mëttwoch an den Donneschdeg agebrach, dorënner och an eng Bijouterie an an 2 Autoen.

Leschten Update: 07.11.2019, 11:15:16

© Pixabay

Direkt 7 Abréch mellt d'Police an der Nuecht vun de Mëttwoch op en Donneschdeg, ugefange mat engem Akafszenter zu Huldang, wou d'Täter kuerz no Mëtternuecht an eng Bijouterie agebrach sinn an do Bijoue matgoe gelooss hunn.

Zu Bartreng, Esch, Ollem an Eschduerf waren d'Abriecher tëscht de Mëttwoch de Mëtteg an dem spéiden Nomëtteg all Kéier an eng Wunneng agebrach, wou se Géigestänn matgoe gelooss hunn.

An zu Esch an zu Suessem gouf béid Kéiere géint de Mëttwoch den Owend an e Won agebrach. D'Enquête leeft.