NewsMobilitéitsminister fuerdert integral Reform vun Adapto

Den Transport fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit gëtt gratis ma e gëtt wuel och integral reforméiert. Virun allem den Zougank soll besser gereegelt ginn.

Leschten Update: 07.11.2019, 15:03:35

© Eldoradio

Zanter de Mueren ëm 10.30 Auer gouf an der Chamber de gratis Transport fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit mat de Petitionnairen diskutéiert. D'Petitioun hat jo bal 5'800 Ënnerschrëften erreecht an huet gefuerdert, dass am Kader vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport och den Adapto soll gratis ginn.

D'Regierung huet jo och schonn ugekënnegt, dass den Transport fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit wäert reforméiert an domat och gratis ginn.





An deem Sënn huet de Mobilitéitsminister am Debat gesot, dass et wierklech eng Reform soll ginn, d.h. et misst een all Detail vum Adapto nei diskutéieren. Dozou gehéiert och, dass den Accès op dësen Transport besser muss regléiert an iwwerpréift ginn, dat mat enger Kommissioun an där nieft den Associatioune vun de Betraffenen och Experten, wéi Dokteren an Ergotherapeute sëtzen a mat decidéieren, wie vum Service ka profitéieren.

Donieft ass et och nach ëm d'Regruppement vun den Trajete gaangen, déi jo och ugekënnegt gi war. Wéi et vum Minister geheescht huet, géif et hei net drëms goen, fir wëll queescht duerch d'Land Leit sichen ze goen. Ma well de Service d'Leit jo heem siche kënnt an um individuellen Zil ofsetzt, kéint een en net wéi beim normalen ëffentlechen Transport plangen. Esou misste sënnvoll Pläng ausgeschafft ginn, wéi d'Trajete bannent enger Regioun kéinten zesummegefaasst ginn.