News10 Drogendealer an der Stad an zu Esch gepëtzt

Bannent enger Woch sinn der Police zu Esch an am Garer Quartier 10 Drogendealeren an d'Netz gaangen, déi op frëscher Dot erwëscht gi sinn.

Leschten Update: 07.11.2019, 13:55:20

© Pixabay

Wéi d'Police mellt konnten tëscht dem 28. Oktober an dem 5. November am Ganzen 10 Drogendealer am Garer Quartier an zu Esch op frëscher Dot gepëtzt ginn. An deene meeschte Fäll hat en d'Dealer Kokain verkaaft an haten och nach e puer Kokainkugele bei sech.

A 6 Fäll war eng Visitt am Scanner néideg, well d'Dealeren d'Kugele fir d'éischt am Mond verstoppt haten an se du bei der Kontroll vun der Police ofgeschléckt hunn.

Op een Mann war d'Police nach zu Esch opmierksam ginn, well hien sech géintiwwer de Beamten nervös verhalen huet, de Mond net wollt opmaachen an dunn eppes ofgeschléckt huet. Am Scanner konnt him awer näischt nogewise ginn. Ma et sollt sech erausstellen, dass hien illegal am Land war a schonn 2017 ausgewise gi war. Dofir gouf hien dem Ausseministère iwwerginn.

Nieft den Droge goufen deene meeschte Verkeefer och d'Suen an den Handy ofgeholl. Si goufen all festgeholl.