NewsWat geschitt mat Videoopnamen a Bussen, Zich a Garen?

Kameraen an Zich, Bussen a Gare sinn an der Tëschenzäit Normalitéit. Si solle fir Sécherheet suergen an dofir ginn d'Videoe kuerzzäiteg gespäichert.

Leschten Update: 07.11.2019, 14:07:05

© Eldoradio

Opzeechnunge vun Iwwerwaachungskameraen an den Zich, de Bussen an de Garen dierfe just vun autoriséierte Persounen analyséiert ginn, dëst äntwert déi responsabel Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen.
Donieft kënnen och déi geriichtlech Autoritéiten an d'Police eng Ufro maache fir dëst Material, dat op Kassetten, respektiv Servere gespäichert gëtt, kënnen ze analyséieren.

An den Zich huelen d'Kassetten iwwerdeems tëscht 72 Stonnen an 10 Deeg op, jee no Modell, duerno ginn d'Daten automatesch iwwerschriwwen. An de Busse ginn d'Opnamen tëscht 15 Deeg a maximal engem Mount an op der Garë maximal 20 Deeg gespäichert.

Zanter Mee 2018 ass esou an de Bussen 22 mol Videomaterial analyséiert ginn. An de Gare waren et 246 Kéieren an an den Zich waren et der 114, dat an der Reegel wéinst Aggressiounen, Vol, Vandalismus, Drogenhandel a soss kriminellen Handlungen.

Links