NewsLëtzebuerger an der EU mat am glécklechsten

Während d'Lëtzebuerger sech relativ glécklech weisen an och mat hirer finanzieller Situatioun zefridde sinn hapert et un de perséinleche Bezéiungen.

Leschten Update: 07.11.2019, 14:32:18

© Unsplash

Lëtzebuerg ass den Zuele vun Eurostat no ënnert de 5 glécklechste Länner an der EU. Während an der Belsch, Holland, Éisträich a Finnland 76% vun de Bierger gesot hunn, dass si glécklech wieren, sinn et der zu Lëtzebuerg ëmmerhin nach 72%. Den EU-Duerchschnëtt läit bei 62%.





A Lettland liewen iwwerdeems déi meeschten onglécklech Mënschen, nëmmen 32% hunn sech hei frou gewisen.





Wat d'Zefriddenheet mat der eegener finanzieller Situatioun ugeet, do kënnt Lëtzebuerg op déi 7 Plaz.

Déi siwentleschte Plaz erreecht de Grand-Duché awer wann et ëm d'Zefriddenheet mat perséinleche Bezéiunge geet. Hei ass Lëtzebuerg och däitlech ënnert der EU-Moyenne.