NewsEU verschenkt weider 20.000 gratis Interrail-Ticketen

D'EU huet eng nei Ronn vun 20.000 gratis Rees-Tickete fir 18-Järeger ugekënnegt.

Leschten Update: 07.11.2019, 18:53:46

© Unsplash

Vun Abrëll bis Oktober kënne jonk Erwuessener da bis zu 30 Deeg laang duerch Europa reesen. Wéi d'EU-Kommissioun en Donneschdeg matgedeelt huet, kënne sech Interesséierter nach bis den 28. November iwwert den Internetsite vum Europäesche Jugendportal umellen.

Bezuelt ginn an der Reegel Zuchreesen, awer och Trajete mat Bus a Fähr. D'Käschte fir Fligertickete ginn an Ausnamefäll iwwerholl, wann d'Rees op méi ofgeleeë Plaze geet. Viraussetzung fir d'gratis Ticketen ass, datt een den 31. Dezember dëst Joer 18 Joer al ass. Et kann eenzel oder am Grupp gereest ginn.

2017 an 2018 haten am Kader vum Projet "DiscoverEU" der Kommissioun no ronn 50.000 Jonker d'Geleeënheet, esou duerch Europa ze reesen. 275.000 hate sech deemools ugemellt. De Budget fir 2020 läit bei 25 Milliounen Euro.