NewsFra gëtt zu Esch mat Messer menacéiert an iwwerfall

D'Police sicht no Zeien nodeems de 6. November eng Fra zu Esch fir d'éischt mat engem Messer menacéiert an dunn iwwerfall gouf. 3 Männer gi gesicht.

Leschten Update: 07.11.2019, 18:56:00

© Eldoradio

D'Police sicht no Zeien nodeems dëse Mëttwoch géint 19 Auer 30 eng Fra zu Esch iwwerfall gouf. Wéi d'Police schreift, stoung d'Fra op engem Busarrêt an der Rue des Acacias, wéi 3 Männer hir méi no komm sinn.

Ee vun hinnen huet d'Affer mat engem Messer menacéiert a Sue gefuerdert, den zweeten huet hiren Handy geklaut, deen der Fra aus der Hand gefall ass. Deen drëtte Mann soll näischt gemaach hunn. D'Affer huet schlussendlech hire Portmonni hierginn an d'Männer si geflücht. D'Police sicht elo no den Täter:

  • Persoun 1: männlech, osteuropäesch Originnen, korpulent, geschaten 1 Meter 80 grouss, "Dreitagebart" an hat gréng Schong an e schwaarze Blazer vun der Mark Redskin un.
  • Persoun 2: männlech, osteuropäesch Originnen, geschaten 1 Meter 65 grouss, tëscht 25 an 30 Joer al, kuerz raséiert Hoer, hat schwaarz Schong a schwaarz Kleeder mat wäisse Sträife vun der Mark Adidas un.
  • Persoun 3: männlech, osteuropäesch Originnen, dënn Statur, geschaten 1 Meter 80 grouss, kuerz raséiert Hoer, hat eng beige Box an e schwaarze Mantel un.


All nëtzlech Informatioun kann ënnert der Telefonsnummer +352 244 44 1000 gemellt ginn.