NewsÉischte Buttek am Royal Hamilius geet e Freiden op

Zënter méi laangem kann een am Parking Royal Hamilius parken, dëse Freideg geet mat der Fnac dat 1. Geschäft am neie Gebai op.

Leschten Update: 07.11.2019, 18:54:30

© Fnac Luxembourg

Déi franséisch Chaîne Fnac mécht e Freideg als éischte Buttek am neie Royal Hamilius hir Dieren op. Wéi et am Communiqué en Donneschdeg geheescht huet, wäerten hei eng 31 Leit op 1.800 Metercarré op 2 Etage schaffen.

D'Ekipp besteet aus méisproochege Mataarbechter, verkaf ginn ënnert anerem Bicher an elektronesch Apparater. De Buttek huet vu méindes bis samschdes vun 10 bis 19 Auer op.

PDF / Hei de Communiqué vu Fnac Luxembourg!

D'Fnac ass an 12 weidere Länner aktiv, Lëtzebuerg wier e strategesche Standuert, vun deem ee profitéiere kéint, esou de Richard Hoitinga, Direkter vum Geschäft hei zu Lëtzebuerg. Weider wéilt een d'Besonneschkeete vum lëtzebuergesche Marché berécksiichtegen an esou déi richteg Offer bereetstellen.

© Fnac Luxembourg

© Fnac Luxembourg
© Fnac Luxembourg