NewsVill Chantieren an a ronderëm d'Stad

De Weekend iwwer si ganz vill Chantieren an domat och Spärungen an a ronderëm d'Stad gemellt.

Leschten Update: 08.11.2019, 06:46:15

© Eldoradio

Ënnert anerem ass wéinst Stroossenaarbechten d'Streck tëscht dem Rondpoint Holz zu Gaasperech beim neie Stadion an der Rue Roudebësch a Richtung Leideleng vun de Freideg den Owend 20.00 Auer bis nach de Méindeg de Muere gespaart.

© Ponts et Chaussées


Vun de Freideg den Owend 22.00 Auer u gëtt dann och weider um Pont Buchler geschafft. Do gëtt e Stéck vun der Bëtongsdall zerstéiert. Dofir geet et de Weekend iwwer net ënnert der Bréck duerch fir a Richtung Stad.

© VDL

Da gëtt och de Weekend iwwer definitiv d'Strooss an der Rue Cents gefléckt, dofir ass och déi vun de Freideg den Owend bis nach de Samschdeg ëm 17.00 Auer deelweis zou. Dat tëscht der N2a an der Rue Pierre Kohner.

© VDL

Da gëtt och an der Hollerecher Strooss geschafft an dofir ass vun de Freideg den Owend ëm 20.00 Auer un bis nach de Méindeg de Muere géint 5.00 Auer nëmmen nach eng Spur vun der Rue Wenceslas 1er a Richtung Rue Jean-Baptiste Merkels op. D'Deviatioun fir de Géigeverkéier geet hei duerch d'Stroossbuerger Strooss.

© VDL