NewsNieft Zentralfichier nach weider 62 Police-Datebanken

Den Donneschdeg stoung de Minister fir Verdeedegung a bannenzeg Sécherheet den Deputéierten a Saache Policefichier erëm Ried an Äntwert.

Leschten Update: 08.11.2019, 13:47:00

© Eldoradio

Op Demande vun den Deputéierten huet de Minister fir Verdeedegung a bannenzeg Sécherheet, François Bausch eng komplett Lëscht mat den Datebanke vun der Police, déi perséinlech Informatiounen enthale virgeluecht.

Am Ganze ginn et deemno 62 verschidden Typpe vu Fichieren. Wéi et vum Minister heescht géifen sech dës Fichieren awer vum Zentralfichier an där Hisiicht ënnerscheeden, dass den Accès op d'Informatioune limitéiert wier. Op den Zentralfichier hunn dogéint de Moment ronn 2'000 Persounen Zougrëff.

Wat donieft d'Dauer vun der Späicherung an den Archivage vun den Donnéeën ugeet, do géif nach viraussiichtlech virum Enn vum Joer e Gesetzestext deposéiert ginn. Et kéint een dat awer net fir all d'Fichiere maachen, esou de Minister nach, dofir misst een sech allgemeng Reegele wat d'Dauer vum Archivage ugeet, ginn.