NewsVandalismus an Abréch an de leschte Stonnen an Deeg

Et ass erëm vill zu Lëtzebuerg agebrach ginn. Ma net ëmmer sinn d'Abriecher och an d'Haus erakomm.

Leschten Update: 08.11.2019, 09:36:58

© Pixabay

Der Police goufen an de leschten Deeg erëm 6 Abréch uechter d'Land gemellt, bei deenen entweder Saache geklaut oder zerstéiert goufen. Dat den Donneschdeg an der Rue de la Gare zu Beetebuerg an eng Wunneng an zu Diddeleng an en Haus an der Rue Norbert Metz.

An der Millebaach zu Noumer war den Abroch an en Haus gemellt gi, woubäi déi 4 Abriecher sech duerch d'Bascht gemaach haten. Och zu Steesel an der Wollefskaul waren d'Abriecher un der Alarmanlag gescheitert a fortgelaf.

Zu Péiteng gouf dunn nach an de leschten Deeg an de Scoutschalet an der Rue Belle-Vue agebrach. Do gouf d'Ariichtung deels zerstéiert an d'Wänn goufe mat Faarf beschmiert.

Zu Rammeldang war weider nach d'Fënster vun engem Eefamilljenhaus ageschloe ginn.