News2 Milliounen $ Strof fir den Donald Trump

Well hien eng Stëftung vu senger Famill fir perséinlech a politesch Zwecker mëssbraucht huet, muss den Donald Trump eng Strof bezuelen.

Leschten Update: 08.11.2019, 12:39:40

© MANDEL NGAN / AFP

Den amerikanesche President Donald Trump gouf en Donneschden vum ieweschte Geriichtshaff vun den USA dozou veruerteelt eng Strof vun 2 Milliounen $ ze bezuelen. Dëst well hien eng Stëftung déi him gehéiert fir perséinlech a politesch Zwecker mëssbraucht huet. 2016 hate Procureuren aus dem Bundesstaat New-York dowéinst eng Plainte géint dem Trump seng Stëftung deposéiert. Ënnert anerem solle Gelder déi vun der Stëftung gesammelt goufe fir dem Donald Trump säi Walkampf am Joer 2016 benotzt gi sinn.

Déi 2 Milliounen $ sollen u verschidde karitativ Organisatioune goen.