NewsFacebook kënnegt Mesure fir de Schutz vun der Demokratie un

Et hätt een eng Verantwortung fir eng Amëschung an d'Walen ze verhënneren heescht et vu Facebook.

Leschten Update: 08.11.2019, 14:23:36

© Christophe SIMON / AFP

Facebook huet eng Partie Moossname fir de Schutz vum demokratesche Prozess ugekënnegt. Dëst en vue vun de Presidentiellen déi d'nächst Joer an den USA wäerte sinn. Et hätt een eng Verantwortung Mëssbrauch an Amëschung an d'Walen ze verhënneren heescht et vun der Entreprise.

Esou well Facebook, d'Profiller vu gewielte Politiker besser schützen a kloer kennzeechnen, wien fir politesch Säiten an och fir d'Säite vu staatleche Medie verantwortlech ass. Iwwerdeems sollen och Videoen an Artikelen déi duerch en onofhängege Faktencheck als sougenannte Fake News identifizéiert goufe méi däitlech gekennzeechent ginn.

Zënter den amerikanesche Presidentiellen 2016, steet Facebook ënner Drock fir géint déi massiv Verbreedung vu falsche politeschen Noriichten, déi iwwert d'Plattform bedriwwe gëtt, virzegoen. Deemools goufe vu Russland aus geziilt falsch Informatiounen iwwer Facebook verbreet, fir d'Walen zu Gonschte vum Donald Trump ze beaflossen.